Kabarä
26. Januar
2001
Mat der Junk-Air
op Hannover
De Succès
vum Cabarenert séngem aktuelle Programm weist, dass et eng Demande
fir politesche Kabarä gët
josée
hansen
Et
si scho gelungener, d'Lëtzebuerger. Sie wiele riets, mä stierze
sech all Freideg op de Feierkrop a lafen lénkse Kabarä kucken.
De Programm 2000/2001 Endstatioun Geenzuucht vum Cabarenert - dat
ass d'Trupp ëm de Josy Braun - leeft den Ament mat engem onheemleche
Succès am Café beim Albert Mousel, all Owend ass d'Bud voll
an d'Leit krëmme sech vu Laachen. Dat beweist eemol méi, dass
et zu Lëtzebuerg eng wierklech Demande gët fir Satire a Kabarä,
wéi wann d'Leit een Drockventil bräichten, duerch dee se hierer
Rooserei iwwer "déi Déck" an hir Nopere kéinte lass
ginn. De Cabarenert ass do vum Prinzip hir net wierklech anescht wei d'Lëtzebuerger
Revue, just ebe méi affirméiert politesch a méi
lénks.
An
esou sinn d'Auteuren - de Josy Braun, de Roland Gelhausen an de Jay Schiltz
- géint d'Kierch an déi, déi d'Muecht hunn (d'Regierung
an den Haff), rëselen de Kapp iwwer déi "modern Welt" (d'Televisioun,
de Sponsoring, den Handy an d'online-Broker) a freë sech iwwer eis
alldeeglech Topegkeeten. Wa verschidde Sketcher einfach zevill frontal
an eendimensional ukloen an net wierklech laachen dinn - dat gëllt
firun allem fir den éischten Deel, déi zwee éischt
pafefrësseresch Sketcher sinn net witzech mä haaptsächlech
moralisant, d'Thema ass total ofgegraff - sou hu se eng Spezialitéit,
déi d'Stëmmung am Sall direkt rett: d'Parodie.
De
Roland Gelhausen als granzegen an egozentresche Premierminister beim Freidesbriefing,
voller Mépris fir seng Nolauschterer a mat laangen a komplizéierte
Sazkonstruktiounen, déi näischt aussoen, ass gudd observéiert
a flott gespillt. Grad esou gudd kommen de Pascal Granicz als duuschtereche
Gesondheetsminister an d'Monique Melsen als däemlech EU-Kommissarin
oder baupsech Granduschess Maria-Teresa un.
An
deem Land, daat vun engem "Schutzscheld aus Kachkéis a Bouneschlupp"
virun de Geforen a Katastrofen aus dem Ausland geschützt ze si schéngt,
verstinn d'Elteren déi fréier "an de Keller gaange si fir
eng ze dämpen" hir eege Kanner net méi, déi vrum Iessen
nach séier an de Keller ginn fir eng Start-up ze grënnen. Fir
de Roland Gelhausen ass déi nei Begeeschterung vun den hobby online-Broker
"d'Metamorfos vum Reaktionär zum Aktionär". Zesumme mam Jay Schiltz
mécht en an engem anere Sketch de Geck mat der Verkéiers-
an Transportpolitik vun der Regierung an dem Autosfanatismus vun de Lëtzebuerger
("e Meter Strooss fir all Mouk, och wa se iwwerhaapt keen Auto huet").
Et
sinn déi Sketcher, déi am beschte sinn: déi déi
beschreiwen, opzielen a weisen, do wou déi, déi ukloen a
beschëllegen einfach zevill mam dëcken Hummer dropschloen. Besonnesch
de Roland Gelhausen schéngt sech op de Wuertwitz spezialiséiert
ze hunn an huet zum daxten eng glécklech Hand domatter ("Schnéi
vum Séi", "Modern Times", am meeschten natierlech am Schlusslidd
("'t ass eng Allergie, Guy!").
De
Cabarenert reecht sech op iwwer de Justizminister mam kalen Häerz
an den Inneminister mat sénge Plättercher an der Chamber, schmunzelt
iwwer d'Prisongs- an d'Verteidegungspolitik ("Lëtzebuerg, dat eenzegt
Land dat séng ganz Arméi an enger Kéier kann an engem
Fliger transportéieren"), freet sech iwwer d'Éisléckerinnen,
déi relax eng dämpen, mécht de Geck mat RTL an der "Kamera
déi schéisst" a verraut sech driwwer, dass de Bommeleër
an aner Affären nie opgekläert ginn.
Wann
dës Satiriker vläicht och net méi esou allegoresch a litteraresch
si wi zum Beispill de Putty Stein a Konsorten, mat deenen de Frank Feitler
a säi Lëtzebuerger Vollëkstheater erëm iwwer Land hauséiere
ginn, esou si si se awer däitlech méi agressiv a courageiért.
Ëtt ass berouegend, dass ëtt och zu Lëtzebuerg e wierklech
politeschen, eng Grëtz méi frechen an ongedame Kabarä
gët. An e Publikum dofir.
Endstatioun
Geenzuucht, geschriwwe vum Josy Braun, Roland Gelhausen a Jay Schiltz,
produzéiert vum Ensemble Cabarenert, mam Monique Melsen, Marianne
Pettinger, Roland Gelhausen a Pascal Granicz gët nach den 30. an 31.
Januar am Café-Théâtre Albert Mousel beim Kapuzinertheater
gespillt. Well déi Virstellungen ausverkaf sinn, kann een och op
d'Tournée waarden, di dono ee Mount laang duerch de Granduschi féiert.
|
|